De 15. Januar gëtt ofgestëmmtSuite vun den decisive Berodungen: May beméit sech ëm Brexit-Deal

Am Parlament zu London ass e Mëttwoch d'Suite vun den decisive Berodungen iwwert den ëmstriddenen Austrëttsaccord mat der EU.

© AFP

D'Premierministesch Theresa May stellt sech de Froe vun den Deputéierten. D'Debatte sinn op e puer Deeg ugesat. Den historesche Votte ass fir de 15. Januar virgesinn.

U sech sollt d'Parlament schonn den 11. Dezember driwwer ofstëmmen. Theresa May beméit sech den Ament drëms, supplementar Konzessiounen vu Säite vun der Europäescher Unioun ze kréien. Dës sollen d'Deputéiert virum Votte en Dënschdeg presentéiert kréien. Bréissel huet allerdéngs schonn e puer Mol däitlech gemaach, dass den Austrëttsaccord net méi kann ofgeännert ginn. Sollt dat britescht Parlament dogéint stëmmen, dreet Enn Mäerz een net gereegelte Brexit mat grave Suitten fir d'Ekonomie.

Den Ament gesäit et nach ëmmer net duerno aus, wéi wann deen Accord eng Majoritéit géif fannen. D'britesch Regierung huet scho Virbereedunge getraff fir de Fall vun engem sougenannten haarde Brexit. D'Theresa May hat nach um Weekend un d'Parlament appelléiert, fir de Brexit-Deal ze stëmmen. Am anere Fall géif Groussbritannien d'EU ouni Accord verloossen an ekonomesche Schued riskéieren.

De Brexit ass fir de 29. Mäerz geplangt.



Ëmfro
Déi britesch Premierministesch huet an de Brexit-Verhandlungen ee ganz schlechten Job gemaach. Där Meenung si knapp dräi Véierel vun all den Deputéierten am britesche Parlament. Eng Ëmfro ënnert de Volleksvertrieder huet erginn, dass d'Meenungsverschiddenheeten am Parlament am Laf vun engem Joer extrem gewuess sinn.

D'Ëmfro gouf duerchgefouert vun der Londoner Uni Queen Mary zesumme mat enger Denkfabrick. Et gëtt festgehalen, dass bedéngt duerch dës Konditiounen, et quasi onméiglech ass, dass d'Theresa May den ausgehandelten Brexit-Accord duerch d'Parlament kritt.