Iwwer 10 Fäll gemelltPäck mat suspektem Material an Australien ukomm

An e puer auslännesche Vertriedungen, dorënner Konsulater an Ambassaden, an der australescher Haaptstad Canberra souwéi zu Melbourne si suspekt Päck ukomm.

© AFP Archivbild

Dat huet déi australesch Police e Mëttwoch de Moie confirméiert. No éischten Informatioune vun de Autoritéite vum Bundesstaat Victoria goufen eleng zu Melbourne am ganzen 10 Fäll gemellt. Op mannst fënnef diplomatesch Missioune goufen zougemaach. Betraff sinn ënnert anerem d'Konsulater vun den USA, Indien a Südkorea, souwéi Däitschland. D'Situatioun wier awer ënner Kontroll. D'Päck ginn elo ënnersicht.

Den Hannergrond vun der Dot ass nach net gekläert. Zu Melbourne hunn eng sëlleche Länner Konsulater. D'Ambassaden hunn iwwerdeems hire Sëtz zu Canberra.