Um DonneschdegHonnerte Flich wéinst Streik op 3 Fluchhäfe gestrach

Déi Kéier sinn d'Fluchhäfen zu Düsseldorf, Köln-Bonn a Stuttgart vum Streik betraff. Zéngdausende Passagéier si vun den Ausfäll betraff.

Zu Düsseldorf a Köln-Bonn ass de Streik schonn um Mëtternuecht lassgaangen, zu Stuttgart um 3 Auer moies. Ronn 110'000 Passagéier dierfte vum Streik betraff sinn. Souvill Leit sëtzen normalerweis op engem Donneschdeg an de Fligeren, déi vun op deenen 3 Fluchhäfe starten a landen.

Zu Köln/Bonn gouf et schonn direkt um 0.00 Auer Chaos un de Kontrollpaarten, duerch déi d'Camionen hir Wueren op de Fluchhafe bréngen. Et gouf e Réckstau bis op d'Autobunn.
131 vun den 199 geplangte Flich goufen zu Köln/Bonn gestrach. Zu Düsseldorf hunn d'Fluchgesellschaften 370 vu 580 Flich gecancelled, zu Stuttgart 142 vun 275.

E Méindeg gouf et schonn op de Berliner Fluchhäfen Tegel a Schönefeld ee Warnstreik, dee 4 Stonne gedauert a fir vill Problemer gesuergt hat.