No iwwer 2 WochenMalta léisst d'Bootsflüchtlingen elo awer u Land

Zanter Enn vum leschte Mount waren zwee Rettungssschëffer vun däitschen Hëllefsorganisatioun virun der Côte vu Malta blockéiert.

Elo koum endlech de Feu vert, datt déi 49 Flüchtlingen dierfen u Land goen. Si sollen op 8 EU-Länner verdeelt ginn.

Op de Schëffer war et an de leschten Deeg schonn zimlech kritesch ginn, well z.B. d'Drénkwaasserreserven opgebraucht waren.

32 Migranten u Bord vun der Sea-Watch 3 sinn zanter dem 22. Dezember op deem Schëff. Eng Woch méi spéit huet d'Rettungsschëff "Professor Albrecht Penck" weider 17 Migranten u Bord geholl. Zanterhier hu béid Schëffer ouni Succès probéiert un iergendengem europäeschen Hafen dierfen u Land ze goen.

Déi maltesesch Regierung hat d'Autorisatioun dovunner ofhängeg gemaach, dass EU-Staaten déi ronn 250 Migranten ophëlt, déi aktuell an diversen Opfaangstrukturen op Malta ënnerbruecht sinn.