Trotz ZweiwelRumänien iwwerhëlt eng éischte Kéier d'EU-Presidence

Begleet vu Kritik vu Bréissel an engem innepolitesche Sträit, fänkt um Donneschdeg déi éischt rumänesch EU-Presidence un.

Geplangt ass eng Zeremonie zu Bukarest. Erwaart ginn ënnert anerem den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker, de Conseilspresident Donald Tusk an de Parlamentspresident Antonio Tajani.

Rumänien iwwerhëlt fir d'éischte Kéier zanter sengem Bäitrëtt am Joer 2007 d'Presidence vun deenen 28 EU-Staaten. De Jean-Claude Juncker hat am Virfeld nach seng Zweiwel un der Eenegkeet vu Rumänien geäussert an ob d'Land iwwerhaapt capabel wier ze vermëttelen. Hannergrond ass den aktuelle Sträit tëscht der sozialliberaler Regierung an dem President Klaus Iohannis, den der biergerlecher Oppositioun nosteet. Dëse kritiséiert, ähnlech wéi d'EU-Kommissioun, d'Attacke vun der Regierung op d'Justiz.

Am Kader vun der Zeremonie  zu Bukarest ass eng pro-europäesch Demonstratioun géint déi rumänesch Regierung geplangt. E Freideg sti Gespréicher tëscht de Vertrieder vun der EU-Kommissioun an der Regierung iwwert d'Prioritéite fir déi nächst Méint um Programm.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.