BréisselOptakt vum Prozess ëm d'Attack op Jüddesche Musée am Joer 2014

Zu Bréissel ass en Donneschdeg den Optakt vum Prozess, an deem et ëm d'Attack op de Jüddesche Musée vun der belscher Haaptstad am Joer 2014 geet.

© AFP

Dem Haaptverdächtegen a sengem Kompliz gëtt virgeheit, deemools véier Persounen erschoss ze hunn. Den Haaptugeklote streit allerdéngs of, op d'Leit geschoss ze hunn. Am Laf vum Prozess géint di zwee franséisch Staatsbierger solle 150 bis 200 Zeie gehéiert ginn.

D'Uerteel soll am Februar gesprach ginn. Den Haaptugeklote soll virun der Attack am Joer 2014 un der Säit vun islamisteschen Extremisten a Syrien gekämpft hunn.