USA/MexikoTrump dreet domat, den nationalen Noutstand auszeruffen

Den US President huet sech wärend enger Visite un der Grenz mat Mexiko op en neits staark gemaach, fir säin ëmstriddene Projet vum Bau vun enger Mauer.

Donieft huet den Donald Trump eng weider Kéier domadder gedreet, den nationalen Noutstand ze deklaréieren. Et géif dem gesonde Mënscheverstand entspriechen eng Mauer opzeriichten, sou den US President an der Grenzregioun am Rio Grande Valley am Bundesstaat Texas.



Well den Donald Trump weiderhin eng Zomm a Milliardenhéicht fuerdert, fir dësen ëmstriddene Projet ze realiséieren, leien an den USA zanter elo bal 3 Wochen vill Deeler vum ëffentleche Liewe brooch. Ronn 800.000 Mataarbechter vu Regierung an Administratiounen schaffen entweder ouni dofir bezuelt ze ginn, oder sinn am forcéierte Congé.



Russland-Affär

An der sougenannter Russland-Affär huet de fréieren Affekot vum US President, de Michael Cohen sech bereet erkläert, virum Kongress auszesoen. Hie gouf fir de 7. Februar convoquéiert, huet en Donneschdeg déi zoustänneg Kommissioun vum Representantenhaus bekannt ginn. De Michael Cohen gëllt als eng Schlësselfigur. Hie war mam Donald Trump unenee geroden a kooperéiert mam Spezialenquêteur Robert Mueller, dee méiglech geheim Ofsprooche vum Trump sengem Walkampfteam mat Moskau, während dem amerikanesche Walkampf am Joer 2016 ënnersicht. Am Dezember hat ee Geriicht zu New York den Affekot zu enger dräi Joer laanger Prisongsstrof veruerteelt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.