BayernEt gëtt mat 1,6 Meter Neischnéi gerechent

Iwwerdeems zu Lëtzebuerg e Freideg just e ganz liichte wäisse Flom louch, gi se an Deeler vun Däitschland, Éisträich an der Schwäiz am Schnéi ënner.

Nach ëmmer Schnéichaos an den Alpen (11.01.2019)
Iwwerdeems zu Lëtzebuerg e Freideg just e ganz liichte wäisse Flom louch, gi se an Deeler vun Däitschland, Éisträich an der Schwäiz am Schnéi ënner ...

Aktuell huet et opgehalen ze schneien a Bayern, ma dës Paus ass just vu kuerzer Dauer. D'Meteorologe warnen, dass schonn e Samschdeg den Owend mat vill neiem Schnéi ze rechnen ass. Bis zu 1,6 Meter Neischnéi kéint erofkommen.

De bayresche Ministerpresident Markus Söder huet sech schonn e Bild vun der Lag gemaach an d'Rettungsdéngschter besicht, déi géint de Schnéichaos kämpfen. 350 Zaldote vun der Bundeswehr goufen an déi verschneite Regioune geschéckt, fir ze hëllefen d'Diecher vun der schwéierer Schnéimass ze befreien. Schonn a 5 Bezierker gouf de Katastrophefall ausgeruff.

De Fluchhafen zu München huet um Freideg honnerte Flich gestrach an och den Zuchverkéier ass a groussen Deeler limitéiert oder souguer ganz ausgefall.


VIDEO-Reportage: Nach ëmmer Schnéichaos an den Alpen
Nach ëmmer Schnéichaos an den Alpen (11.01.2019)
Iwwerdeems zu Lëtzebuerg e Freideg just e ganz liichte wäisse Flom louch, gi se an Deeler vun Däitschland, Éisträich an der Schwäiz am Schnéi ënner ...


D'Lawinegefor klëmmt virun, eenzel Dierfer si komplett ofgeschnidden an iwwerall ass d'Arméi an den Asaz geruff ginn, fir den Awunner ze hëllefen.

De Petz Bartz mam Iwwerbléck um Freideg, mat Informatioune vu Berchtesgaden, aus Sachsen, Éisträich a vun der Säntis-Schwägalp am Nordoste vun der Schwäiz.

RTL-Artikel: Schnéichaos an den Alpen: Hotel an der Schwäiz vu Lawin getraff