US-PresidentiellenTulsi Gabbard wëll géint Donald Trump untrieden

Eréischt d'nächst Joer am November sinn an den USA nees Presidentiellen, ma elo schonns gëtt sech positionéiert..

© AFP

Déi 37 Joer jonk Demokratin Tulsi Gabbard huet e Freideg den Owend annoncéiert, dass Si géint den Donald Trump kandidéieren wäert. An de nächste Woche soll dat Ganzt offizialiséiert ginn, sot Si dem Noriichtesender CNN géintiwwer.

Déi fréier Zaldotin ass den éischten hinduistesche Member am US-Kongress. Et ass dervun auszegoen, dass an de nächste Méint nach eng Rëtsch Demokraten hir Kandidatur och wäerten offiziell maachen.