USAFréiere Minister Julian Castro wëll bei Presidentiellen untrieden

Mam Julian Castro huet sech e weideren Demokrat gemellt, dee géint den Donald Trump bei de Presidentewalen untriede wëll.

© afp
Bei den US-Demokraten hunn zwee weider Politiker hir Kandidatur fir déi nächst Presidentewal ugekënnegt. De fréiere Wunnengsbauminister Julian Castro huet an senger Heemechtsstad San Antonio am Bundesstaat Texas ugekënnegt, datt hien 2020 géint den aktuelle President Donald Trump untriede wëll. Hie war ënnert dem fréiere President Barack Obama Minister.

Als méigleche Kandidat fir d'Demokraten ass och de fréiere Vizepresident Joe Biden am Gespréich.