Ze ondemokrateschAfD wëll Europaparlament ofschafen

Sollt sech d'EU net grondleeënd veränneren, wëll d'AfD och, datt Däitschland aus der EU austrëtt.

© AFP
D'AfD fuerdert, datt d'Europaparlament ofgeschaaft gëtt. D'Parlament wier ondemokratesch, heescht et an enger Demande, déi vun den Delegéierte vum Parteidag decidéiert gouf. Donieft hu se sech dofir ausgeschwat, datt Däitschland aus der europäescher Unioun austrëtt, wann dës sech net grondleeënd verännert.