SyrienHonnerte Mënschen aus leschter IS-Héichbuerg evakuéiert

Virun allem Fraen a Kanner hätt ee mam Bus aus der Stad Deir Essor evakuéiert.

E Kämpfer vun der SDF-Allianz.© AFP

Aus der leschter Héichbuerg vun der Terrormiliz IS an der ostsyrescher Provënz Deir Essor sollen honnerte Mënschen a Sécherheet bruecht gi sinn. Virun allem Fraen a Kanner wiere mat Busser evakuéiert ginn, dat huet de syreschen Observatoire fir Mënscherechter matgedeelt.

D'Transporter si vun der kurdesch-arabescher Allianz SDF a vun der internationaler Militärkoalitioun organiséiert ginn. Deemno bereede sech honnerten SDF-Kämpfer de Moment op eng Offensiv vir.