FrankräichEmmanuel Macron sicht den Dialog mat der Populatioun

Als Reaktioun op d'Protester vun de Gilets jaunes a Frankräich, huet de franséische President d'Populatioun zu engem "nationalen Debat" opgeruff.

An engem Bréif un d'Fransousen, deen de franséische President e Sonndeg den Owend publizéiert huet, hält hie fest, dass sech dësen Dialog op iwwer 30 essentiell Froen soll konzentréieren. Dat geet vu Steieren iwwer Demokratie an Ëmweltschutz bis hin zu Immigratioun.

Hie wéilt déi aktuell Roserei a Léisungen ëmwandelen, sou den Emmanuel Macron a sengem Schreiwes. D'Propose vun de Bierger sollen hëllefen een neien Traité fir d'Natioun auszeschaffen an d'Aarbecht vu Regierung a Parlament souwéi déi franséisch Positiounen an Europa an international ze strukturéieren.

Den Emmanuel Macron huet a sengem Schreiwes festgehalen, dass hie sech wënscht, dass sou vill wéi méiglech Leit un dësem Debat deelhuelen, dee sech iwwert déi nächst Wochen duerch ganz Frankräich zitt.