IndonesienBlackbox vu Lion-Air-Maschinn konnt gebuerge ginn

Virun zwee an engem hallwe Mount war eng Maschinn vun der Fluchgesellschaft Lion Air kuerz nom Start zu Jakarta an d'Mier gefall.

Elo hunn Daucher déi zweet Blackbox fonnt. E puer Deeg nom Ongléck war déi éischt Blackbox fonnt ginn. Déi 189 Passagéier vun der Boeing 737 waren den 29. Oktober ëm d'Liewe komm. En éischte Rapport vun den indoneseschen Autoritéiten hat am November erginn, dass de Fliger wéinst gravéierenden technesche Problemer iwwerhaapt net hätt duerfe starten.