IranDoudeger no Crash vu Militär-Cargofliger

An der Géigend vun Teheran ass um Méindeg de Moien eng Boeing 707 Cargomaschinn vum iranesche Militär erofgefall.

Et waren op d'mannst 10 Persounen u Bord, verschidde Medie schwätzen esouguer vu 16. Wéi d'Noriichtenagence Fars mellt, hätt just 1 Persoun iwwerlieft.



De Cargofliger hat Fleesch gelueden an huet mussen um Fluchhafe vu Fath eng Noutlandung maachen. Déi ass awer net gelongen an de Fliger ass um Enn vun der Pist an eng Mauer gerannt an huet Feier gefaangen. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.