Däitsche VerfassungsschutzPolizisten aus de Reihe vun der AfD geroden an d'Viséier

Duerch déi verschäerft Opmierksamkeet vum Verfassungsschutz ginn elo Polizisten, déi bei der AfD sinn, kloer Faarf ze bekennen.

© AFP

Et ass d'Usiicht vun der Partei Die Grünen an der Policegewerkschaft (GdP), datt Policebeamten, déi fir d'AfD kandidéieren, sech vum rietsnationalen Eck vun der Partei distanzéiere mussen: "Ausgrenzung an Hetz si quasi an der DNA vun dëser rietsextremer Partei", sot d'Irene Mihalic vun den däitsche Gréngen.

"Ech fannen et allgemeng ganz schwéier, eng politesch Kandidatur vu Poliziste bei der AfD mat dem "Mässegungsgebot" an Aklang ze kréien", sot d'Mihalic der Noriichtenagence AFP. D'Mihalic huet och hir "grouss Suerg" iwwer d'"Gefor vun der Bildung vu rietse Reseauen an de Reie vun der Police.

De Chef vun der Policegewerkschaft, den Oliver Malchow, huet Ähnleches verlaude gelooss: "Ech erwaarden, datt all Polizist, dee fir d'AfD untrëtt, sech kloer vum Höcke a sengem Ëmfeld distanzéiert."

Hie sot ausserdeem, datt all Beamten op d'Verfassung schwiert an datt dësen Eed all Polizist dozou verflicht, sech un d'Reegelen ze halen. "E verdréit sech net mat den Zweiwele vum Verfassungsschutz um rietsnationalen Ëmfeld vum Björn Höcke."

De Bundesverfassungsschutz hat d'lescht Woch ugekënnegt, déi rietsnational Gruppéierung ronderëm de Björn Höcke an d'Junge Alternative méi ze iwwerwaachen.