Vun Nantes op CardiffSich no Propellermaschinn geet weider, Emiliano Sala war u Bord

Mat Booter a mat Hëllef aus der Loft fueren d'Rettungsequippen um Mëttwoch weider mat der Sich no enger Propellermaschinn, déi verschwonnen ass.

U Bord vun der Maschinn war den argentinesche Fussballspiller Emiliano Sala.

En Dënschdeg den Owend war d'Sich ofgebrach ginn, wéi et däischter gouf. Et deit villes drop hin, dass de Fliger erofgefall ass. Wéi Medie mellen, hätt den Emiliano Sala kuerz virum Ongléck nach een Audiomessage u seng Frënn verschéckt an deem hie sot, dass hien Angscht hätt, datt de Fliger geschwënn géif ausernee falen.

De Spiller vu Nantes war um Wee bei säin neie Veräin Cardiff City, wéi d'Propellermaschinn iwwert der Manche vum Radar verschwonnen ass.