Zu Moskau gesäit de russesche President Putin säin tierkeschen Homolog Erdogan. Sujet vun der Entrevue ass de geplangte Réckzoch vun den amerikaneschen Truppen aus Syrien.
Iwwert déi nei Situatioun am Biergerkrichsland misst een sech genee ofschwätzen, heescht et aus dem Kreml. Wärend Ankara déi oppositionell Rebellen ënnerstëtzt, schafft Moskau mat der Regierung vum President Baschar al-Assad zesummen.