Kris am VenezuelaUNO-Weltsécherheetsrot beméit sech fir diplomatesch Léisung

Am UNO-Weltsécherheetsrot gouf et e Samschdeg den Owend Beméiungen, fir déi politesch Kris a Venezuela diplomatesch ze léisen.

© AFP

D’USA haten eng Resolutioun abruecht, déi Neiwale virgesinn huet, grad wéi internationalen Hëllefsliwwerungen an d’Land erméigleche sollt.

Russland huet awer säi Veto scho gesprach a stäipt weiderhin de Staatschef Maduro.

D’USA hunn hirersäits jo de selwer ernannte Iwwergangs-President Guaido unerkannt, wéi och mëttlerweil gutt 40 weider Länner, dorënner och Lëtzebuerg.