US-PresidentiellenDemokratesch Senateurin Elizabeth Warren huet offiziell kandidéiert

Wie wäert an den US-Presidentiellen d’nächst Joer op der Säit vun den Demokrate géint den Donald Trump untrieden?

© AFP

Déi Fro wäert nach esou bal net beäntwert sinn, well et gëtt ëmmer méi Kandidaten.

An der Nuecht op e Sonneg huet elo och déi lénks-geriichte Elizabeth Warren hir Kandidatur offizialiséiert. Déi 69 Joer al Senateurin aus Massachussetts hat scho Silvester wësse gedoen, dass Si iwwerleeë géif mat an d’Course ze goen, fir de Republikaner, a besonnesch dem Trump d’Stir ze bidden.

Mat enge sëllechen Attacken géint d’Machenschaften op der Wall Street, hat d’Warren ganz vill Leit begeeschtert an hannert sech gezunn.

Et ass ewell schonns déi 7. offiziell Kandidatur bei den Demokraten an et dierft och sécherlech net déi Lescht gewiescht sinn.