Stationéierung vun amerikaneschen TruppenSeoul muss 816 Millioune bezuelen

Südkorea muss méi déif an d'Täsch gräifen, fir datt amerikanesch Truppen och weiderhin am Land stationéiert bleiwen.

© AFP
Ronn 816 Milliounen Euro méi muss Seoul un d'Amerikaner bezuelen, fir datt déi garantéieren, weiderhin a Südkorea präsent ze sinn. D'USA haten dës Hausse gefuerdert, well dem amerikanesche President Donald Trump no d'Stationéierung ze deier géif ginn.

Et war ee Moment och dovunner Rieds, d'Amerikaner komplett aus Südkorea ofzezéien. Déi Iddi ass de Moment awer vum Dësch. D'Südkoreaner schwätze vun engem gudde Kompromëss, dee berouege géif esou kuerz virum zweete Sommet tëscht den USA an Nordkorea.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.