Wéinst steigende PräisserParäis wëll haart géint d'Lokatiounsplattform AirBnB virgoen

Wéi d'Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo iwwert Twitter annoncéiert huet, géif ee viru Geriicht eng Rekordstrof fir d'Plattform fuerderen.

© AFP

D'Hidalgo schwätzt do vun 12,5 Milliounen Euro. Duerch illegal Touristelogementer géifen d'Loyeren an der Stad eropgoen, zum Nodeel vun de Paräisser, déi eng Wunneng sichen. AirBnB weist dës Reprochen awer vu sech.

Den Ament kënne Privatleit, déi zu Paräis eng Wunneng op d'Plattform setzen, nëmmen 120 Deeg dovunner profitéieren. D'Leit brauchen donieft eng Nummer, mat där se registréiert ass. Allerdéngs wieren op d'mannst 1.000 Wunnengen net registréiert a géifen awer op AirBnB stoen. Domadder géif d'Locatiounsplattform sech zum Kompliz vun illegale Geschäfter maachen, esou d'Anne Hidalgo.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.