DemonstratiounenAm Venezuela ginn Hëllefsliwwerunge weiderhi blockéiert

Dofir sinn de Weekend iwwer nees eng ganz Partie Leit op d'Strooss gaangen, fir géint den aktuelle Staatschef Nicolas Maduro ze demonstréieren.

© AFP

10 Camione mat ronn 100 Tonne Liewensmëttel, Medikamenter an Hygiènesartikele stoungen op der kolumbianescher Säit a goufen net an de Venezuela eriwwer gelooss. D'Arméi huet d'Camionneuren dorunner gehënnert.

Op der anerer Säit goufen et awer och Manifestatiounen, déi de Maduro ënnerstëtzen. Allerdéngs hu béid Campe keng Informatiounen iwwert d'Zuel vun den Demonstrante ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.