Eppelborn (D)Bomm aus dem 2. Weltkrich gouf entschäerft

Eng Bomm aus dem 2. Weltkrich gouf e Sonndeg zu Eppelborn, net wäit ewech vu Saarlouis entschäerft.

© AFP

Dofir hunn 860 Persoune missten evakuéiert ginn. Si hunn hir Haiser misste verloossen, well d'Bomm an der Géigend vun der Gare fonnt gouf, dofir gouf ee Sécherheetsperimeter vun 300 Meter ageriicht. Mat engem Helikopter ass d'Zon iwwerflu ginn a mat Wäermebildkamerae gouf gekuckt, datt och wierklech kee sech méi an den Haiser ophält.

Am Januar war d'Bomm vun 250 Kilo entdeckt ginn, wéi op der Gare zu Eppelborn un de Gleiser geschafft gi war. E Sonndeg an der Mëttesstonn war d'Entschäerfung gelaf an d'Leit konnten nees zeréck an hir Haiser goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.