USAAmy Klobuchar kandidéiert fir d'Presidentschaftwalen

Bei den US-Demokarten kandidéiert eng weider Fra fir d’nächst Joer Präsidentschaftskandidkat ze ginn.

D’Amy Klobuchar, eng Senatorin aus Minnesota, huet e Sonndeg den Owend offiziell bekannt ginn, dass Si och mat an der Course wier.

Si huet an enger Ried zur Eenheet an engem momentan gespléckte Land opgeruff.

D’Amy Kobuchar vertrëtt a villen Dossier eng diametral aner Positioun wéi den aktuelle President Trump.

Et ass schonns déi 8ten offiziell Kandidatur bei den Demokraten, déi jo an de sougenannte "Primaries", Ufank d’nächst Joer dann en offizielle Kandidat wäerte bestëmmen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.