NordpolarmierNoutstand wéinst Äisbieren op russescher Insel ausgeruff

Op der Insel Nowaja Semlja am Norde vu Russland sinn d'Awunner den Ament mat enger Invasioun vun Äisbiere geplot, déi an den Dierfer no Fudder sichen.

© AFP
Wéinst enger reegelrechter Äisbiere-Plo hunn d'Autoritéiten op der russescher Insel Nowja Semlja um Nordpolarmier den Noutstand ausgeruff. Zanter Dezember wieren d'Bieren de mënschleche Siidlungen an der Regioun Archangelsk ëmmer méi no komm. Op d'mannst 52 Déiere goufen an der Géigend vu Beluschja Guba gesinn, 10 vun hinne wiere stänneg do.

Lokal Medie mellen, dass e puer Äisbieren och scho Mënschen attackéiert hätten an donieft och an Haiser a Büroen agedronge wieren. "D'Leit an der Regioun hunn Angscht. Si ginn net méi aus hiren Haiser. Elteren hunn Angscht hir Kanner an d'Schoul goen ze loossen", sou de Gouverneur vun der Regioun.




E puer Biere géife quasi schonn op Mënsche-Juegd goen, sot de Schiganscha Musin, e lokale Responsabelen. Hie lieft zanter 1983 op der Insel, mä esou eppes hätt hien nach ni gesinn. Op der Insel Nowaja Semlja liewe just ronn 1.000 Mënschen.

Laanscht Schoule wieren Zénk opgeriicht ginn an déi russesch Loftverdeedegung géif op Patrull goen. Keng vun de Moossname wier erfollegräich, d'Äisbiere géife sech net duerch Policeween oder Hënn ofschrecke loossen.

Thema Klimawandel
Äisbiere stinn op der Rouder Lëscht vun de menacéierten Déieren. Dowéinst gouf et op der russescher Insel bis ewell och nach keen Accord d'Bieren dierfen ofzeschéissen. Dëst kéint sech leider änneren, wann d'Situatioun op der Insel méi schlëmm gëtt.

De Grond fir déi massiv Zuel un Äisbieren an der Géigend vun de Mënschen, huet mat den Auswierkungen vum Klimawandel ze dinn. Dat arktescht Äis schmëlzt, doduerch zitt et d'Déiere an de Süden, si si forcéiert do no Nahrung ze sichen. D'Äisbieren zéien op hirer Wanderung och laanscht Dierfer. Do fanne se logescherweis Poubelle mat iessbarem Offall an halen op ze wanderen, erklären d'Experte vum Sewertsow-Institut fir Ökologie an Evolutioun zu Moskau.