Serbien"Allianz fir Serbien" dreet domat, nächst Walen ze boykottéieren

Déi serbesch Oppositiouns-Koalitioun "Allianz fir Serbien" dreet dermadder, fir déi nächst Parlaments- a Gemengewalen ze boykottéieren.

© AFP

D'Konditioune fir fräi a fair Wale wieren nämlech net ginn. Et wéilt een net Deel vun enger Demokratie sinn, déi just fir d'Fassad ass. Et wéilt ee keen totalitäre Regimm ënnerstëtzen, deen all Oppositioun erstéckt a politesch Géigner als Staatsfeind behandelt, sou heescht et an enger Deklaratioun vun der Koalitioun, an där politesch Forcen aus alle Spektre vertruede sinn. 

Am Zentrum vun der Kritik steet de President Aleksandar Vucic, deen Neiwalen an d'Spill bruecht huet. Nieft der Oppositiounsallianz gëtt et a Serbien och eng Biergerbeweegung. Dës geet zënter Woche géint de President op d'Strooss. D'Allianz an de Biergermouvement schaffen awer bis ewell net zesummen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.