INTERVIEW: Historiker BensoussanJuddeverfolgung an den Echec vun der Konferenz vun Evian

De franséischen Historiker Georges Bensoussan war zu Lëtzebuerg op enger Konferenz, wou et ëm d'Konferenz vun Evian an d'Reichskristallnacht goung.

Et sinn elo 81 Joer hier, datt d'November-Progromer géint d'Judden an Nazi-Däitschland an Éisträich ugefaangen hunn. Synagogen hu gebrannt, Honnerte vu Judde goufen ëmbruecht, Dausender a Konzentratiounslager gestach. Vun deem Zäitpunkt u gouf et kaum nach Judden, déi net fort aus Däitschland wollten. Awer d'Bereetschaft vun den anere Länner, fir si opzehuelen, war minimal. D'Konferenz vun Evian iwwert déi jiddesch Flüchtlinge war en Echec.

Konferenz vun Evian vun 1938 an d'Reichskristallnacht, dat war Thema vun enger Konferenz vum berühmte franséischen Historiker Georges Bensoussan, déi e Méindeg den Owend war. Hien war hei op Invitatioun vun der "Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah" an d'Maryse Lanners huet hien am Virfeld begéint.

De ganzen Interview mam Historiker Georges Bensoussan (11.02.2019)
De franséischen Historiker Georges Bensoussan war zu Lëtzebuerg op enger Konferenz, wou et ëm d'Konferenz vun Evian an d'Reichskristallnacht goung.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.