VenezuelaEt dierft um Dënschdeg zu neie massive Protester kommen

De selwer-ernannten Iwwergangspresident Guaido huet d’Vollek opgeruff, geschlossen op d’Strooss ze goen.

De Staatschef Maduro an d’Militär sollen doduerch opgefuerdert ginn, international Hëllefsliwwerungen an d’Land ze loossen.

Obschonns d'Grenzen zu Kolumnbien blockéiert sinn, wieren an der Nuecht op en Dënschdeg éischt Liwwerungen an d'Land komm. De Juan Guiadó huet op Twitter ee Video publizéiert, wou Stapele vu Këschte ze gesi sinn. Vu wou déi kommen, huet den Interimspresident net erkläert.