New Yorker GeriichtMexikaneschen Drogeboss "El Chapo" vu Jury schëlleg gesprach

De mexikaneschen Drogeboss Joaquín "El Chapo" Guzmán ass en Dënschdeg zu New York um Geriicht vun der Jury schëlleg gesprach ginn.

© AFP
D'Jury zu New York huet den 61 Joer ale Mexikaner an allen zéng Uklopunkte fir schëlleg bekannt. Domat geet den "El Chapo" fir de Rescht vu sengem Liewen an de Prisong.

Ursprénglech waren et 17 Uklopunkten, fir de Prozess sinn dës awer op 10 verréngert ginn. Ënnert anerem huet hie sech wéinst Drogeschmuggel, Waffenhandel a Geldwäsch misse veräntwerten. De Riichtersproch steet allerdéngs nach aus.

De Prozess hat Ufank November ugefaangen, bis heihinner sinn iwwer 50 Zeie befrot ginn, iwwer 100 Dokumenter goufe virgeluecht an eng Dosen Telefonater goufen ofgespillt. Si hunn grausamst Detailer iwwer déi extrem Gewalt a Korruptioun vum mächtegen Drogekartell beschriwwen.

De fréiere Chef vum Sinaloa-Kartell war a Mexiko verhaft ginn an Ufank 2017 un d'USA ausgeliwwert ginn, wou hien zanterhier am Héichsécherheetsprisong zu New York setzt. D'US-Regierung geheit him vir, fir den Doud vun Dausende Mënsche schëlleg ze sinn, sou wéi fir de Schmuggel vun Dausenden Tonnen Drogen an d'USA.

Eng Doudesstrof ass no Gespréicher tëscht Mexiko an den USA ausgeschloss.