Däitschland2 fréier Mataarbechter vu syreschem Geheimdéngscht festgeholl

D'Männer vu 56 an 42 Joer goufen zu Zweebrécken a Rheinland-Pfalz an zu Berlin verhaft.

© AFP

Wéinst méiglech Verbrieche géint d'Mënschlechkeet sinn an Däitschland zwee fréier Mataarbechter vum syresche Geheimdéngscht festgeholl ginn. De Parquet General hat laang géint déi Zwee enquêtéiert.

Dem Spiegel no ware béid Männer massiv a systematesch fir Folter am Assad-Regime zoustänneg. Et soll ëm d'Mësshandele vun Dausende vun Oppositionelle goen.

2012 waren d'Männer aus Syrien geflücht an haten an Däitschland Asyl ugefrot.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.