SpuenienParlament huet Budgetsplang refuséiert

D'Regierung vum Premier Pedro Sanchez ass eng Minoritéitsregierung mat just engem Véierel vun de Sëtz an op d'Stëmme vun zwou anere Parteien ugewisen.

Déi hunn elo géint de Budget gestëmmt.

Dës Decisioun kéint d'Minoritéitsregierung zu Fall bréngen. Scho virum Vott hat de Sanchez awer virgezunnen Neiwalen an d'Spill bruecht, eventuell Mëtt Abrëll.