WashingtonD'USA solle Saudi-Arabien am arméierte Konflikt am Jemen net méi ënnerstëtzen

Där Meenung ass op alle Fall d’Representantenhaus zu Washington, wou e Mëttwoch 248 Deputéiert an deem Sënn gestëmmt hunn, dorënner och 18 Republikaner.

Den entspriechenden Text, deen awer och nach muss duerch de Senat, fuerdert de President op, sämtlech US-Truppen, déi an de Krich involvéiert sinn, bannent 30 Deeg zeréck ze zéien.

Ausléiser fir déi Resolutioun war de Mord um saudesche Journalist Khashoggi, duerch dee sech vill Deputéiert am Kongress entsat gewisen hunn.

Bis ewell hält den Donald Trump awer weider un der Militär-Allianz mat Saudi-Arabien fest.