AirbusOut fir de Mega-Fliger A380

Airbus huet um Donneschdeg de Moie wëssen gedoen, dass d’Produktioun vum gréisste Passagéierfliger wäert gestoppt ginn.

De Grond ass e Stopp vun de Bestellunge vun der arabescher Fluchgesellschaft Emirates, heescht et an engem Schreiwes vun Toulouse, dem Sëtz vum europäesche Loftfaart-Konzern. Emirates hat d'Bestellunge vun 162 op 123 Maschinne reduzéiert.

Déi lescht Ausliwwerung vum A380 wier fir 2021 geplangt.

An den nächste Woche wëll Airbus sech mat de Sozialpartner zesummesetzen, fir iwwert déi 3000 bis 3500 Aarbechtsplazen ze schwätzen, déi eventuell vun deem Produktiounsstopp betraff sinn. Duerch déi héich Produktiounsnofro vum A320 wäerte sech intern nei Méiglechkeeten erginn, heescht et vun Airbus. Emirates huet leschten Informatiounen no 40 Fligere vum Typ A330-900 bestallt an 30 A350-900.

Den 1. kommerzielle Fluch vum A380 war de 25. Oktober 2007. Op den 31. Januar waren 234 där duebel-stäckeger Fligere weltwäit am Asaz. Ee Fliger kascht gutt 400 Milliounen €.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.