Finnland fuerscht800 Euro Grondakommes als grousst Experiment

Bis November 2016 wëll Finnland seng staatlech Subsiden ofschafen an duerch e Grondakommes, dat all Bierger all Mount kritt, ersetzen.

Finnland geet also, wéi ewell ugekënnegt, e radikale Schrëtt: 800 Euro fir jiddereen!

Déi nei Regierung hat an hirem Koalitiounsaccord festgehalen, datt een e Grondakommes aféiere wéilt an dee Projet gëtt elo ëmgesat.

Sondagen haten erginn, datt 79 Prozent vun de Finnen esou e Schratt géinge begréissen.

Bis November 2016 sollen dofir all déi sozial Ënnerstëtzunge vum Staat ewechfalen an duerch eng Zomm ersat ginn, déi all erwuessene Bierger all Mount kritt, einfach esou. Op 800 Euro soll sech dëst "Grondakommenes" chiffréieren.

Manner Opwand a manner Chômage?

De finnesche Premierminister Juha Sipilä erhofft sech vum Gesetz eng Vereinfachung vum Sozialsystem. Hie geet dovun aus, datt d'Parlament zu Helsinki dat entspriechend Gesetz ganz geschwë stëmmt.

D'Regierung wëll mat deem Schrëtt d'Zuel vun de Chômeuren drécken - den Taux louch am Oktober bei 9 Prozent. Den Hannergedanken: E Grondakommes géif et Finnen ouni Aarbecht erméiglechen, och Plaze mat niddregem Salaire unzehuelen, ouni sech direkt musse Suergen ze maachen, wéi si Mount fir Mount iwwert d'Ronne kommen.

Während déi eng dovun ausginn, datt de Staat duerch e Grondakommes Sue spuert, rechnen anerer vir, datt de Staat doduerch méi ausgëtt.

An de radikale Changement riskéiert och Verléierer ze hunn: Fale wierklech sämtlech finanziell Ënnerstëtzunge vum Staat ewech, kéinte Leit, déi sech bis elo op Hëllefe beim Haus Lounen oder well se net capabel sinn ze schaffen, verloossen, um Enn manner hunn. Si riskéieren, an d'Aarmut ofzerëtschen, heescht et.

Och en Thema am Grand-Duché

Trotzdem: E System vun engem "Grondakommes" gëtt vu villen als beschte Wee ugesinn, d'Gesellschaften aus der Aarbechtslosegkeet erauszeféieren an de Leit méi Fräiheeten ze schenken.

Och zu Lëtzebuerg gëtt d'Iddi vun engem "bedéngungslose Grondakommes" regelméisseg thematiséiert a vill kommentéiert - op RTL.lu spléckt de Sujet regelméisseg d'Community: Déi eng fannen d'Perspektiv attraktiv a gesi quasi just Virdeeler fir Gesellschaft an Individuume bei enger Zomm, déi een all Mount automatesch kritt, anerer kënne mat der Iwwerleeung "Money for nothing", also datt de Staat senge Bierger "einfach esou" all Mount Sue fir eng Grondsécherung iwwerweist, glat a guer näischt ufänken.

Vill kommentéierten Artikel iwwert d'Grondakommes op RTL.lu (aus dem Joer 2009).

Zu Lëtzebuerg ass en Experiment wéi a Finnland dann och nach wäit ewech, ma guer net esou wäit ewech vun eis kéint et en ähnleche Versuch ginn: Déi hollännesch Stad Utrecht huet wëlles, d'nächst Joer och e Grondakommes anzeféieren. Tëscht 900 an 1.300 Euro soll de Montant do leien.

Pro-Grondakommes-Initiativ zu Lëtzebuerg

Et gëtt awer och am Grand-Duché eng Initiativ, déi sech fir e Grondakommes asetzt an d'Leit fir dës Iddi sensibiliséiert:

Jidderee vun eis - egal ob aarm oder räich - kritt e fixe Montant vum Staat, fir ze liewen. Dat gëtt engem eng Sécherheet a méi Fräiheeten, méi Fräizäit, wann ee wëll, a vereinfacht d'Sozialtransferten a reduzéiert den administrativen Opwand. Esou gesinn d'Aktivisten d'Grondakommes fir jiddwereen. Ma: Sue fir déi Räich - firwat dat dann? Ass net ze finanzéieren! Da geet jo kee méi schaffen ... Dat alles si Viruerteeler, déi sech dësen neie Sozialmodell muss gefale loossen. Dat wär awer esou net richteg, hat de Psycholog Alfred Groff vun der "Initiativ bedingungslost Grondakommes Lëtzebuerg" virun enger Zäitchen géintiwwer RTL gemengt.

Et géing ëm eng "Revolutioun am Denken", well et drëm goe géif, datt jidderee vun eis - egal ob aarm oder räich - e fixe Montant kritt fir ze liewen. Déi Räich sollen deen och kréien, fir datt et ebe keng Sozialmesure ass. D'Grondakommes soll jiddwerengem vun eis méi Fräiheete ginn an d'Existenz-Ängschten huelen. Dat ass och duerchaus ze finanzéieren, soe vill Etuden, Economisten an Universitéiten, esou d'Initiativ. D'Sue wären do, et géif ebe just drëms goen, wéi ee se verdeelt.

"D'Leit ginn net méi schaffen, wa se Suen einfach esou kréien", ass ee vun de schäerfsten Awänn. Dat stëmmt net, weisen Etuden, esou d'Initiativ. Et geet ee jo net nëmme wéinst de Sue schaffen, mä och wéinst der Unerkennung an de soziale Kontakter. Leit, déi sech anescht fir d'Gesellschaft asetzen, hätte mam Grondakommes och eng Ofsécherung ...

Fir d'Grondakommes gouf et och ewell eng Petitioun, datt d'Chamber sech mat Sujet sollt befaassen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.