Op Parkplaz vu Supermarché zu SalinasJonk Fra sëtzt dräi Méint laang dout am Auto

E Mataarbechter vun Supermarché huet d'Police geruff, well den Auto schonn "e puer Deeg" op der selwechter Plaz stoung.

© KSBW Action News 8
Déi leschte Kéier, wou d'Lauren Jessie Moss gesi gouf, war den 13. November, wéi déi 22 Joer al Fra eng Reha-Clinique a Kalifornien verlooss huet. Dono huet sech d'Spuer verluer.

Hiren Auto, wou si och dra fonnt gouf, stoung zanter Méint op engem Walmart-Parking zu Salinas. Dat, sou mellen déi amerikanesch Medien, geet aus den Daten vun den Iwwerwaachungskamerae vum Parking ervir, wou een hire VW Jetta schonn Ufank Dezember drop gesinn huet, méi wäit ginn d'Donnéeën net zeréck. Wéi et schéngt ass kengem opgefall, datt eng Läich am Auto géif léien.

D'Fënstere vum Auto ware getéint an an der Vir louch nach e Sonneschutz an der Fënster, sou datt een net gutt erakucke konnt. Eréischt wéi e Mataarbechter gesot hat, datt den Auto scho méi laang um Parking géif stoen, gouf e méi genau ënnert d'Lupp geholl. 




De Sheriff vun der Stad ass als éischt dovunner ausgaang, datt d'Lauren Jessie Moss just e puer Deeg am Auto louch, mat d'Autopsie huet erginn, datt déi jonk Fra scho méi laang dout war. Wéi et schéngt huet si sech am Dezember d'Liewe geholl, well hir Schwëster hat bekannt ginn, datt déi jonk Fra e Bréif hannerlooss hat. Wéi d'Medien vun der Plaz mellen, hätt een eng Piqûre am Auto fonnt.