"Meurtres terroristses"Salah Abdeslam zu Bruges am Prisong an offiziell ugeklot

4 Méint huet et gedauert, e Freideg ass ee vun de meescht gesichten Terroristen an Europa Salah Abdeslam festgeholl ginn.

Zweeten Nuecht fir de Salah Abdeslam am Héichsécherheetsprisong vu Bruges, dat nodeem dëse meeschtgesichte Mann an Europa e Samschdeg refuséiert huet, fir u Frankräich ausgeliwwert ze ginn.



Wéi de franséische Procureur e Samschdeg devoiléiert huet, hat den Abdeslam wëlles, fir sech den 13. November beim Stade de France an d'Luucht ze sprengen – eppes wat säi Brudder Brahim gemeet hat.

Weider sot de Procureur, datt et nom éischte Verhéier kloer wier, datt de 26 Joer alen Terrorist eng zentral Roll an der logistescher Preparatioun vun den Attentater hat.

Nom echouéierten Attentat vum 13. November huet den Abdeslam seng Ceinture mat Dynamit am Süde vu Paräis ewechgehäit, zwee Frënn koume vu Bréissel, fir hien nees zréck an d'Belsch ze bréngen: dobäi ass dee Won laanscht 3 Police-Barragë gefuer.
Dës Aussoe vum Procureur waren net nom Goût vum Affekot vum Abdeslam: wéi de Maître Sven Mary sot, géif hie Plainte géint de franséische Procureur, wéinst Violatioun vum Secret d'Instruction erareechen.
 
No der Arrestatioun vum Abdeslam gëtt d'Menace vun Attentater a Frankräich als extrem héich agestuuft. Zanter den Attentater am November ginn d'franséisch Grenze vun enge 5.000 Polizisten bewaacht – do kommen elo Renforten dobäi, sot um Samschdeg den Inneminister Cazeneuve. Et wëll ee verhënneren, datt eventuell Komplize vum Abdeslam kënne flüchten.

No der Arrestatioun vum presuméierten Top-Terrorist gëllt an der Belsch weiderhin déi zweethéchsten Terrorwarnung. Den nationale Sécherheetsrot huet déi terroristesch Gefor um Samschdeg weider als wahrscheinlech bezeechent.

Zu Paräis kennt iwwerdeem e Méindeg am Nomëtteg de President Hollande mat Vertrieder vun den Affer-Organisatiounen vum 13. November beieneen. Dëst si Vereenegungen wéi Fraternité et Vérité, SOS Attentats an d'franséisch Associatioun vun de Victimen vun Terrorissem.



Historeschen Dag am Kampf géint den Terrorismus

Um Freideg de Mëtteg gouf den Haaptverdächtege vun de Paräiser Attentater am November 2015 a meescht gesichten Terrorist an Europa, de Salah Abdeslam, festgeholl.

D'Enquêteuren hunn den Haaptverdächtege vun den Attentater zu Paräis am November während enger Perquisitioun um 16.40 Auer am Quartier Molenbeek zu Bréissel gepëtzt.

Den Islamist gouf um Bee blesséiert an an d'Klinik bruecht, fir behandelt ze ginn. Alles an allem goufe 5 Persoune festgeholl. Ënnert hinnen e Mann, dee mam Salah Abdeslam zu Ulm an Däitschland kontrolléiert gi war. Seng Fangerofdréck ware bei där Kontroll geholl ginn.

De presuméierten Attentäter vu Paräis, Salah Abdeslam ass awer um Samschdeg de Moien aus der Klinik erauskomm. Nieft him war e Freideg nach eng weider Persoun an d'Spidol ageliwwert ginn.

E Freideg géint 16 Auer, hat d'Police am Quartier Molenbeek d'Operatioun lancéiert. Et goufen hefteg Schosswiessel. E Sécherheetsperimeter gouf opgestallt. An d'Schoulen an der Géigend hu missen zougemaach ginn.

Déi ganz Aktioun war u sech fir e Samschdeg geplangt, gouf awer schonn um Freideg lancéiert, well DNA-Spure vum Abdeslam op engem Glas an enger Wunneng zu Forest, engem anere Quartier vu Bréissel, fonnt gi waren - dat nom Dënschdeg, wou et zu enger Schéisserei am Kader vun enger Perquisitioun komm war.

Deen Dag waren zwou Persoune geflücht. Wahrscheinlech den Abdeslam a säi Kompliz.

FOTOGALERIE: Anti-Terror-Asaz zu Bréissel



Zanter 4 Méint waren déi belsch a franséisch Servicer hannert dem 26 Joer ale Fransous, deen zu Molenbeek grouss ginn ass.

De franséische President François Hollande, deen e Freideg fir de Sommet zu Bréissel war, huet sech direkt op de Wee an d'Rue de la loi, dem Siege vum belsche Premier Charles Michel, gemaach.

No der Arrestatioun vum Abdeslam geet d'Sich no weideren Hannermänner weider. D'Evenementer aus de leschten Deeg hätte gewisen, dass d'Zuel vun deenen déi d'Attentater vum 13. November zougelooss, organiséiert an erméiglecht hätten, vill méi héich ass wéi Uganks ugeholl gouf, sou de franséische President Hollande e Freideg den Owend zu Bréissel op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam belsche Premier.



Dem belsche Premier Charles Michel no goufe méi wéi 100 Perquisitiounen am Kontext vun den Attentater gemaach. 58 Leit goufen dobäi interpelléiert.

De
Charles Michel an de François Hollande hunn allebéid déi extrem wichteg Zesummenaarbecht tëscht hiren zwee Länner ervirgehuewen, déi elo misst weidergoen. D'Lutte géint den Terror wier nämlech net eriwwer.

De franséischen Oppositiounsdeputéierten Alain Marsaud sot an engem Interview, dass et kee grousse Succès fir déi belsch Geheimdéngschter wier, dass et dem Salah Abdeslam gelonge wor, sech sou laang virun der Police ze verstoppen. Entweder wier dee presuméierten Terrorist extrem schlau oder déi belsch Geheimdéngschter total schlecht, wat am wahrscheinlechste wier, sou nach den Deputéierten.

D'Associatioun vun den Affer, déi sech 13. November nennt, huet erliichter op d'Arrestatioun vum Abdeslam reagéiert.


Salah Abdeslam: Police an der Kritik (19.03.2016)
Iwwer 120 Deeg wor de meescht-gesichte Mann an Europa zu Molenbeek verstoppt. Säin Affekot refuséiert eng Ausliwwerung u Frankräich.