Däitschsproocheg StaatscheffenReunioun zu Eupen: Interview mam Grand-Duc Henri am VIDEO

Um Donneschden war zu Eupen an der Belsch eng informell Reunioun vun den däitschsproochege Staatscheffen – mat do derbäi ass och de Grand-Duc Henri.

Grand-Duc um Sommet zu Eupen (08.09.2016)
An der Belsch hunn sech haut d'Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner fir en informelle Sommet getraff.

Zu deenen däitschsproochege Länner gehéieren Däitschland, d'Schwäiz, Éisträich, d'Belsch, Liechtenstein a Lëtzebuerg. Fir Däitschland ass deemno, zum Beispill, de President Gauck derbäi.

Ass Lëtzebuerg däitschsproocheg? Déi Fro hat ënnert anerem d'Lëtzebuerger Land am Kontext vun der Reunioun um Donneschden opgeworf. Muss oder soll de Grand-Duc do derbäi sinn? D'Meenunge ginn auserneen.

Et ass awer net fir d'éischte Kéier, datt de Grand-Duc bei där Reunioun vun den däitschsproochege Staatscheffen derbäi ass. Et ass fir déi drëtte Kéier, datt hie bei dësem Sommet dobäi ass.