Pioneer Cabin TreeKalifornien verléiert bekannten "Tunnel-Bam"

De Kaliforneschen Calaveras-Park huet duerch ee schlëmmt Wieder ee vu sengen Emblèmë verluer. Een iwwer Dausend Joer alen Tunnel-Bam gouf entwuerzelt.

"Mir hunn haut een ale Frënd verluer", sou ee Mataarbechter vum Park op Facebook.

Deen als "Pioneer Cabin Tree" bekannte Bam war eng Touristenattraktioun am Park, dee südëstlech vu Sacramento läit.

Duerch de Bam huet een Tunnel gefouert, duerch den och ee klengen Auto gepasst huet. Am Laf vun de leschte Joren hat de Bam sech awer ëmmer méi op d'Säit geluecht.





© Wikipedia


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.