RIPFréiere Bundespresident Roman Herzog dout

Den "Altbundespresident" ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. Dat huet d'Bundespräsidialamt um Dënschdeg de Moie matgedeelt.

1999 zu Mexiko© JORGE SILVA / AFP
De fréieren däitsche Bundespresident Roman Herzog ass dout. Hien ass am Alter vun 82 Joer no schwéierer Krankheet gestuerwen. De Roman Herzog war vun 1994 bis 1999 däitsche Staatschef - no beim Vollek an e Bundespresident, deen och Onbequemes ugeschwat huet.

Noruff op de Roman Herzog - Carine Lemmer



De Roman Herzog war 5 Joer laang däitsche President, op en zweet Mandat hat hie verzicht.

Hien hat den Usproch, e politesche President ze sinn, dee gesellschaftlech Problemer thematiséiert huet. Huet deels kee Blat virun de Mond geholl. Besonnesch een Optrëtt, eng Ried, bleift an Erënnerung: Seng sougenannt "Ruck-Rede", 1997, wou en déifgräifend gesellschaftlech Verännerungen an Däitschland gefuerdert huet. Et misst e Ruck duerch d'Land goen, et misst een ëmdenken ...

1994 war de Roman Herzog als däitsche Bundespresident vereedegt ginn – de Wee dohinner war net einfach.

Kandidat vun der Unioun war u sech en aneren, den ultrakonservative Steffen Heitmann. Deen ass awer negativ opgefall wéinst Remarken iwwer d'Roll vun der Fra an der Gesellschaft an den Herzog krut de Virtrëtt. Dee war dunn den 1. Bundespresident vun engem vereenten Däitschland. Och den éischte President, deen d'Schlass Bellevue zu Berlin als 1. offiziell Residence hat.

De Roman Herzog war u sech Jurist a Professer. Wéi e schonn 39 Joer al war, ass en an d'Politik gaangen. Hie war och Riichter um Verfassungsgeriicht, 4 Joer laang de President.

Och an der Pensioun war hien e gefrotene politeschen Invité. Hie selwer sot awer, seng schéinsten Zäit wär net déi an der Politik gewiescht, mä déi als Verfassungsriichter.



De Roman Herzog war vun 1994 bis 1999 de 7. President vun Däitschland. Vun 1978 bis 1980 war de Jurist an CDU-Politiker Kultus- a vun 1980 bis 1983 Inneminister vu Baden-Württemberg. Vun 1983 bis 1994 war de Roman Herzog Riichter um Bundesverfassungsgeriicht, vun 1987 un als President.

Am Alter vun 82 Joer ass de Roman Herzog elo verscheet.

PDF: Télégramme de condoléances adressé par Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse à l’attention de Son Excellence Monsieur Joachim Gauck, Président fédéral de la République fédérale d'Allemagne.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.