Sachsen, Bayern, Mecklenburg-Vorpommern an Thüringen.Enveloppe mat Zocker léist Groussalarm aus

An Däitschland gouf et direkt viru 4 Geriichter eng Alerte, well Enveloppen mat engem wäisse Pudder fonnt goufen.

Op d’Substanz geféierlech ass, konnt net op der Plaz festgestallt ginn. An engem Fall konnt awer direkt festgestallt ginn, datt et sech ëm Pudderzocker gehandelt huet. Op alle Fall huet d’Decouverte vum Pudder ee Groussasaz ausgeléist, dat a Sachsen, Bayern, Mecklenburg-Vorpommern an och Thüringen.