MadridFréier katalanesch Parlamentspresidentin muss an U-Haft

Nieft der Carme Focadell stoungen nach fënnef weider Ex-Membere vum katalanesche Parlament viru Geriicht.

© AFP
Si hunn an der Affär vun der Onofhängegkeetserklärung vun der Regioun missen um Geriicht zu Madrid aussoen. De Parquet hat fir si alleguer Untersuchungshaft gefuerdert, ouni datt si op Kautioun frei géife kommen. D'Geriicht ass deem awer just zum Deel nokomm. Fir d'Carme Focadell gouf zum Beispill eng Kautioun vun 150.000 Euro fixéiert.

De katalanesche Politiker gëtt Rebellioun, Revolutioun an Verontreie vun ëffentleche Sue virgeworf, nodeem d'Parlament vun der Regioun Katalounien Enn Oktober en Onofhängegkeetsbeschloss fir d'Regioun ugeholl hat.