Handelsfroen am FokusSommet vun der Asiatesch-Pazifescher-Wirtschaftsgemeinschaft

E Freideg ass zu Da Nang am Vietnam Sommet vun der Asiatesch-Pazifescher-Wirtschaftsgemeinschaft.

© AFP

Am Kader vun dëser Apec-Renconter soll et an éischter Linn ëm Handelsfroe goen. Donieft ass et dann och elo definitiv. De russesche President Wladimir Putin a säin amerikaneschen Homolog Donald Trump kommen NET um Bord vun dëser Reunioun beieneen. Wéi et heescht, géifen et Problemer mat der Agenda ginn. Am Ufank hat et nach geheescht, dass sech béid Politiker eventuell géife fir Gespréicher gesinn. Déi Zwee waren sech bis ewell just um Bord vum G20-Sommet am Juli zu Hamburg fir ee perséinlecht Gespréich begéint.

Fir den US-President ass den Apec-Sommet déi 4. Statioun vu senger zwou Woche laanger Tournée. An hien huet an deem Kader och nees dovu profitéiert, fir schaarf Attacken un d'Adresse vun der Regierung zu Pjöngjang ze formuléieren. Asien dierft sech net duerch déi pervers Fantasien vun engem Diktator, iwwert de Wee vu brutaler Eruewerung an atomarer Erpressung, als Geisel geholl ginn. Dat sot den Trump e Freideg a senger Ried um Sommet vun der Asiatesch-Pazifescher Wirtschaftsgemeinschaft.