Steinmeier zu ParäisDäitschland a Frankräich zesumme fir eng besser Zukunft

Den däitsche Bundespresident huet den europapoliteschen Elan vum franséische President Emmanuel Macron begréisst.

Et wier d'Aufgab vun Däitschland a Frankräich fir Europa an eng besser Zukunft ze fueren. Op der gemeinsamer Pressekonferenz huet de Frank-Walter Steinmeier och gemengt, hie wier sech sécher, datt dëse Schwong och vun der neier Bundesregierung opgeholl gëtt. Déi zwee Politiker wëllen méi spéit am Dag den éischte gemeinsamen däitsch-franséische Musée iwwert den Éischte Weltkrich aweien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.