Net wäit vun ToulouseAutomobilist rennt a Grupp vu Foussgänger, 3 Blesséierter

3 chinesesch Studente goufe beim Tëschefall e Freideg um 16 Auer net wäit vun Toulouse verwonnt, dorënner ee ganz uerg.

Den Täter, e Mann vun 28 Joer, ass direkt no der Dot verhaft ginn.

En hat op d'Poliziste gewaart, nodeems en an e Grupp vu Studente gerannt ass, déi iwwert den Zebrasträife gaange sinn.

De Mann wier express an d'Studente virun enger Handelsschoul zu Blagnac gerannt, sou d'Police. Hie war der Police och bekannt, mä ass net iwwerwaacht ginn.

Eng Fra vun 23 Joer gouf uerg blesséiert, eng jonk Fra vun 23 Joer an e Mann vun 22 Joer goufe méi liicht verwonnt.

D'Police judiciaire këmmert sech ëm d'Enquête an net d'Anti-Terrorismus-Unitéit.