JemenKampfjets bombardéiere Verdeedegungsministère zu Sanaa

Am Jemen gouf et e gréissere Loftugrëff op der Haaptstad Sanaa, ënnert anerem op de Verdeedegungsministère.

D’Militärkoalitioun, déi vu Saudi-Arabien ënnerstëtzt gëtt, soll hannert dem Ugrëff stoen, bei där och Appartementshaiser ugegraff goufen.

Am Jemen gëtt et zanter 2014 e Biergerkrich. Iwwer 8'600 Mënschen sinn offiziell gestuerwen. U Cholera sinn dëst Joer schonn iwwer 2'000 Mënschen ëm d'Liewe komm.

D'Situatioun am Jemen ass ganz Eescht. ¾ vun der Populatioun ass op humanitär Hëllef ugewisen, dat sinn 20 Millioune Mënschen.

D'Stocke vun de Vereenten Natiounen fir Leit an Nout am Jemen ginn awer just nach fir e puer Wochen duer. Am Dezember kéinten d'Leit net méi versuergt ginn.

Der UNO no riskéiert de Jemen déi gréissten Hongersnout, déi d'Welt zanter Joerzéngte gesinn huet.

Millioune Leit kéinte stierwen, wann d'Militärkoalitioun, déi ënnert dem Lead vu Saudi-Arabien operéiert, weider d'Häfen an d'Fluchhäfe blockéiert.

D'Situatioun am Jemen - E Reportage vum Dany Rasqué.



 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.