Trump a Putin"Am Syrien-Konflikt gëtt et keng militäresch Léisung"

Där Meenung sinn den amerikanesche President Donald Trump a säi russeschen Homolog Vladimir Putin, dat huet de Kreml um Samschdeg de Moie matgedeelt.

An enger Deklaratioun, déi béid Presidenten um Bord vum Apec-Sommet publizéiert hunn, si sech eens, datt de Syrien-Krich aneschters misst geléist ginn. Si hu sech am Schreiwes awer weider fir de Kampf géint den Islamesche Staat ausgeschwat.

Béid Presidenten hate kee Gespréich ënner 4 Aen am Vietnam, wou de Sommet ass. Wéi et aus dem Pentagon geheescht hat, hätte béid Agendaen dat net zougelooss.