Designéierte Premier bleift sturTschechien wëll nach ëmmer keng Flüchtlingen ophuelen

Den designéierten tschechesche Premier Andrej Babis refuséiert weiderhin den Accueil vu Refugiéen a sengem Land.

© afp

Och vun der Quot fir eng EU-wäit Opdeelung wëll en näischt wëssen. Dat wär keng Léisung.

D'EU kéint net de ganze Planéit retten, sot hien an engem Interview mam Focus. D'Flüchtlingskris wär de gréisste Problem, deen d'EU ze meeschteren hätt.

De Babis bezeechent sech selwer als proeuropäesch. Hie strieft an Tschechien an Minoritéitsregierung un.