DäitschlandRettungsequippen a Polizisten op Silvester ugegraff

Eng ganz Partie Attacken op Polizisten a Pompjeeën an der Silvesternuecht bei eisen däitschen Noper hunn elo d'Politik op de Plang geruff.

Den däitsche Justizminister Heiko Maas huet op Twitter geschriwwen, dass Attacken op Rettungsequippen total inacceptabel sinn.




Eleng d'Pompjeeë vu Berlin hunn 8 Attacken op Secouristen a 57 Attacken op Asazween gemellt.

An engem Fall gouf den Equipage vun engem Rettungswon vun direkt e puer Männer mat Waffe menacéiert.

Zu Leipzig hunn Dosende vu Leit mat Knupperten, Fläschen a Steng op Poliziste geheit.

An Nordrhein-Westfalen goufe 25 Poliziste blesséiert.

Och an Däitschland muss sech um Dënschdeg en 68 Joer ale Mann virum Riichter presentéieren, nodeems hien an der Silvesternuecht zu Salzgitter op en 12 Joer alt Meedche geschoss hat.

D'Kand war ëm Mëtternuecht um Trottoir virum Haus vun den Eltere vun enger Kugel am Uewerkierper getraff ginn. D'Meedche gouf uerg blesséiert, schwieft awer net a Liewensgefor.

Wéi däitsche Medie mellen, hätten e puer Männer an der betraffener Cité mat Waffe ronderëm sech geschoss.