Südkorea an NordkoreaRenconter schonn d'nächst Woch?

Een Dag nodeems Nordkorea eng Gespréichsoffer gemaach huet, huet Südkorea proposéiert, sech d'nächst Woch op héijem Niveau ze gesinn.

D'Renconter kéint den 9. Januar an der Grenzregioun iwwert d'Bühn goen, huet um Dënschdeg de Moien de südkoreanesche Verdeedegungsminister bekannt ginn.

E Méindeg hat de nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un a senger Neijoerschried iwwerraschend annoncéiert, eng Delegatioun fir d'Olympesch Wanterspiller a Südkorea ze schécken. Dës fänken den 9. Februar un.

Aner Sujeten während der Renconter tëscht Süd- an Nordkorea dierft och eng Verbesserung vun de bilaterale Relatioune sinn.

D'Spannungen op der koreanescher Hallefinsel haten an der Lescht zougeholl. Nordkorea huet ëmmer nees Menacë géint Südkorea an d'USA formuléiert. A senger Neijoerschusprooch hat de Kim Jong Un op en Neits mam Asaz vun Atomwaffe gedreet.